Vu Méindes, dem 17. Juli 2023 un, kënnt Dir Bréifwal ufroe fir d’Chamberwale 2023.
Wann de Walziedel un eng Adresse am Ausland geschéckt gëtt, kann ee seng Demande bis den 29. August 2023 maachen.
Wann de Walziedel un eng Adresse zu Lëtzebuerg geschéckt gëtt, dann ass den Délai bis den 13. September 2023 fir seng Demande ze maachen.
D’Demande kënnt Dir einfach iwwert myguichet.lu ufroen oder iwwert dëse Formulaire: Fichier pdf
