Invitatioun
fir d’Festivitéite vun Nationalfeierdag 2022
Dëst Joer gëtt d’Feier vun Nationalfeierdag, den 23.06.2022 moies zu Baastenduerf ofgehalen.
Um 9.45 Auer geet de Cortège beim Fussballterrain fort an um 10.00 Auer ass den Te Deum an der Parkierch.
Nom Te Deum hält de Buergermeeschter seng traditionell Usprooch mat der Verdeelung vun de Medailen.
Uschléissend offréiert d’Gemeng den Aperitif bis 13.30 Auer.
Ab 12.00 Auer organiséiert de Syndicat d’Initiative vu Furen op der Bettler Gare hiert traditionellt Stroossefest mat Mëttegiessen.
An der Hoffnung e flotte Feierdag zesummen ze verbréngen, gréissen,
d’Gemengeverwaltung an d’Veräiner aus der Gemeng.
