Referendum Verfassungsännerung – Ënnerschrëftelëschten

Dernière modification le 10/08/2022

Matdeelung

vun der Gemeng Tandel am Kader vun den Artikelen 8 an 9 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwert den nationale Referendum

De Schäfferot

Vu d’Demande vum Comité d’initiative vum 26. Juli 2022, déi de Premier- a Staatsminister de 27. Juli 2022 kritt huet, fir e Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitelen IV an Vbis vun der Verfassung ze organiséieren;
Vu d’Décisioun vum Premier- a Staatsminister vum 29. Juli 2022 iwwert d’Recevabilitéit vun där Demande;
Vu d’Kommunikatioun vum Premier- a Staatsminister am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, publizéiert an der Serie vum Memorial A vum 5. August 2022, an Ausféierung vum Artikel 5 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwer den nationale Referendum;

informéiert

d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng Tandel domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitelen IV an Vbis vun der Verfassung, déi an éischter Liesung de 13. Juli 2022 vun der Chamber ugeholl ginn ass, ënnerstëtze kënnen, andeem si sech an de Lëschten aschreiwen, déi an der Gemeng vum 20. August 2022 bis den 13. September 2022 abegraff, opleien.
Wärend dëser Period sinn d’Lëschten op folgende Plazen an zu folgenden Zäiten zougänglech:

Uert: Bastenduerf, 6 Haaptstrooss

Deeg an Zäiten:

Méindes bis Donneschdes vun 8h30 – 11h30 an 13h30 – 16h30

Freides vun 8h30 – 11h30

ausser Mëttwochs, den 07.09.2022 bis 18h30

Samsdes, den 20.08.2022 vun 8h00 – 9h00
Samsdes, den 27.08.2022 vun 11h00 – 12h00
Samsdes, den 03.09.2022 vun 11h00 – 12h00
Samsdes, den 10.09.2022 vun 11h00 – 12h00

Den Text vun der Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitelen IV an Vbis vun der Verfassung kann op den uewe genannte Plaatzen an zu den uewe genannten Zaiten agesi gin.
Fir d’Demande iwwert de Referendum z’ënnerstëtzen muss de Wieler sech perséinlech op senger Gemeng presentéieren. De Wieler muss säin Numm, seng Virnimm a seng Adress dem zoustännegen Agent matdeelen an eng gülteg Pièce d’identité virweise kënnen.
Nodeems den Agent kontrolléiert huet ob de Wieler op de Wielerlëschten agedroen ass, leet den Agent dem Wieler d’Aschreiwungslëschte vir an dréit dem Wieler säin Numm, seng Virnimm a säi Gebuertsdatum an.

Nodeems de Wieler dës Aschreiwunge kontrolléiert huet, ënnerschreift hien d’Lëscht.
De Wieler deen duerch e physeschen Handicap net ënnerschreiwe kann, däerf sech vun enger Persoun begleede loossen, déi a sengem Numm ënnerschreiwen däerf. Dës begleedend Persoun däerf kee kommunaalt, nationaalt oder europäescht Mandat bekleeden, si muss liesen a schreiwe kënnen an däerf net gemäß de Bestëmmungen vum Artikel 6 vum ofgeännerten Walgesetz vum 18. Februar 2003, vum d’Walrecht ausgeschloss sinn.
Et däerfen déi Wieler ënnerschreiwen déi den Dag virum Ufank vun der Ënnerschrëftesammlung op de Wielerlëschte fir d’Chamberwalen agedroe sinn.
Déi Wieler déi net op der Wielerlëscht vun der Gemeng stinn, mussen eng Décisioun vum Buergermeeschter vun hirem Wunnuert respektiv vun enger Geriichtsinstanz virweise kënnen déi bezeit datt si d’Walrecht an där Gemeng hunn.
Déi Wieler déi zwar op dëse Wielerlëschten agedroe sinn, mee déi hiert Walrecht duerch eng gesetzlech Bestëmmung oder duerch e Geriichtsbescheed oferkannt kritt hunn, däerfe sech net un der Ënnerschrëfte Sammlung bedeelegen.
All Wieler däerf nëmmen eemol d’Lëscht ënnerschreiwen. D’Ënnerschreiwen am Numm vun enger drëtter Persoun ass verbueden ausser am Fall wou eng Persoun eng handicapéiert Persoun begleet.
D’Ënnerschrëft vum Wieler op der Lëscht bedeit datt dëse Wieler d’Demande fir d’Ofhale vun engem Referendum ënnerstëtzt.
Dës Demande ass nëmmen dann ugeholl, wa 25.000 Wieler se ënnerstëtzen.

(s.) De Schäfferot

Deutsche Version

Version française

Des articles de la même catégorie

Route barrée (Fouhren-Bettel-Vianden) – 01.10.2022

Route barrée (Fouhren-Bettel-Vianden) – 01.10.2022

Samsdes, den 1. Oktober 2022 wäerten d'Strecken Fueren-Bettel (N17B) an Bettel-Veinen (N10) wéinst dem Gaulage vun 8:00 bis 17:00 gespaart ginn. D'Deviatioun verleeft iwwert d'N17. Den RGTR ass dovunner ausgeschloss, soll awer op der Streck lues maachen, well awer...

lire plus

Changement des lignes RGTR lors du « Tour de Luxembourg »

Telegramme 2022/648 du 09.09.2022 concernant l'organisation de la 1ère étape du "Tour de Luxembourg", le mardi 13 septembre 2022: Ligne 188: Les courses d'autobus 188 5992 et 6011 auront leur origine/terminus auprès de l'arrêt Landscheid-Kiirch sans desservir les...

lire plus
Tour du Duerf 2022

Tour du Duerf 2022

Art Veranstaltung Titel Tour Du Duerf Datum / Zeitraum 10.09 – 30.09.2022 Ort - Veranstalter Klimabündnis Lëtzebuerg Eintrittspreis Kostenfrei Infos zur Anmeldung Anmeldung unter: www.tourduduerf.lu Beschreibung DE   Im September heißt es wieder: Ab aufs Rad und...

lire plus
Aller au contenu principal